Publications


Marc TROSSEN: Verluere Joeren, Band I-II (2015)
Marc TROSSEN:
Verluere Joeren, Band III-IV (2018)
Marc TROSSEN: Peenemünde (article paru dans le Journal )


NOUVELLES PARUTIONS:

Claude VANDIVINIT:
cv_book2

Evakuatioun a Frankräich, Mee-August 1940
Format A4, 370 Säiten, méisproocheg (lëtzebuergesch, däitsch a franséisch, Imprimerie Heintz Péiteng

D'Buch befaasst sech mat der spontaner Flucht an der Evakuéierung vu bis zu 100.000 Awunner, virun allem aus de Süd-Gemengen, den 10. Mee 1940, wéi dem Hitler seng Truppen d'Lëtzebuerger Land iwwerfall hunn. Unhand vun engem onverëffentlechten Tagebuch, enger Rei vu méi oder wéineger bekannte Verëffentlechungen an Zeienaussoen a mat Hëllef vu villen Archiv-Dokumenten, versicht den Auteur d'Envergure vun dëser Episod, déi den Ufank vun der 5-järeger Besetzung vu Lëtzebuerg wiesentlech markéiert huet, méiglechst ëmfaassend ze ëmräissen an ze analyséieren.
Dobäi gi folgend Froe behandelt.
– Virwat hunn esou vill Awunner hirt Heem musse verloossen? Wéisou sinn di eng a Frankräich, déi aner zu Lëtzebuerg evakuéiert ginn?
– Wéi war Lëtzebuerg op di däitsch Invasioun virbereet? Wéi sollt d'Bevëlkerung virun de Gefore geschützt ginn?
– Wéi war et méiglech, datt ronn 50.000 Awunner a knapp 2 Deeg konnten a Frankräich evakuéiert ginn, obwuel et keng Virbereedungen an där Hisiicht ginn hat?
- Wéi sinn di Méint vun der Evakuatioun bis zum Rapatriement verlaf? Wéi eng Rollen hunn di franséisch, di däitsch oder di lëtzebuergesch Instanzen dobäi gespillt?



Marc TROSSEN:
mt_book2

Les Luxembourgeois en France de 1940-1945, résistants, réfractaires, juifs, maquisards, déserteurs, émigrés …

Format A4, 500 Säiten, franséisch, Imprimerie Heintz Péiteng

Vu September 1940 bis Oktober 1944 hu 600-1000 Lëtzebuerger zäitweileg, oft esouguer fir e puer Joer, a Frankräich Schutz gesicht. Ënner hinne Resistenzler, Judden, Agente vum Geheimdéngscht, Gewerkschaftler a Politiker, ausgewise Geeschtlecher, Refraktären an ë sëllechen Deserteuren. Eng Rei vun hinnen hunn sech der Resistenz ugeschloss oder sinn an de franséische Maquis gaangen, fir bei der Befreiung vu Frankräich matzehëllefen. Aneren ass et gelongen an England ze flüchten, vu wou si de 6. Juni 1944 als Zaldoten an de Reie vun den Alliéierten zeréckkoumen.
Dëst Buch erzielt d'Geschichte vun dëse Flüchtlingen, op der Basis vun hire perséinleche Rapporten an den intensive Recherche vum Auteur an den Archiven.
Dobäi gëtt och versicht eng Äntwert ze fannen op folgend Froen:
– Wéi eng Rollen hunn d'Lëtzebuerger Rout Kräiz an di Lëtzebuerger Exil-Regierung a Frankräich gespillt?
– Gouf et a Frankräich Verréider, fir déi d'Land sech musse schummen?
75 Joer duerno gëtt hei versicht eng Bilanz ze zéien!



Pour consulter le dépliant: cliquer ici